Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert Euroradio

100komma7.lu / Concert Euroradio

/ De Francesco Tristano um Vilnius Midsummer Festival

De Francesco Tristano um Vilnius Midsummer Festival

De Lëtzebuerger Museker a Komponist an den New Ideas Chamber Orchestra reinterpretéieren dem Bach säi 7. Concerto a spillen och iwwerraschend Wierker vum Lëtzebuerger Pianist. Eng Mëschung tëschent Klassik, Jazz an Techno ...

D'Opnam vun dësem Concert ass vum 3. September bis den 2. Oktober disponibel an eiser Mediathéik.
um www.opus.radio

Um Programm:
Gediminas Gelgotas (*1986):


Uzrakink mane savo sviesoje
'Transitory' aus der Sinfonie Nr.1 "Extracultural'
"
Ástor Piazzolla (1921-1992):
Libertango
Gediminas Gelgotas (*1986):
Praisedance


Johann Sebastian Bach (1685-1750):
"Andante, Allegro assai" aus dem Concerto Nr. 7 BWV 1058, mat Improvisatiounen



Francesco Tristano (*1981): 


Neon City

Electric Mirror

Easter Market

Ritornello/Insomnia/Serpentina

D minor loop



Gediminas Gelgotas (*1986): 


Transitory

To The Skies



Francesco Tristano (*1981):


[onbekannt]

The Third Bridge
At Nakameguro





Interpreten:


Francesco Tristano Schlimé, Piano


New Ideas Chamber Orchestra

 



Dëse Concert gouf de 26. Juli 2023 am Park vum groussherzogleche Palais vu Vilnius opgeholl.

D'Opnam vun dësem Openair-Concert krut den 100,7 duerch d'Kooperatioun mat der EBU (European Broadcast Union).

Musek
Concert
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

De Francesco Tristano um Vilnius Midsummer Festival

De Lëtzebuerger Museker an den New Ideas Chamber Orchestra reinterpretéieren dem Bach säi 7. Concerto a spillen och iwwerraschend Wierker vum Lëtzebuerger Pianist. Eng Mëschung tëschent Klassik, Jazz an Techno ...

En Owend voller Sibelius

Dem finneschen Nationalkomponist seng éischt a lescht Sinfonie a säi beléiften a virtuose Geieconcerto stinn um Programm.

Déi jonk Pianistin Danae Dörken

Si an dee jonke Geiist Dmitry Smirnov spillen zesumme mam Deutsches Symphonie-Orchester.

Yuja Wang an d'Berliner Philharmoniker spillen op der Waldbühne

E virtuosen a magesche Programm: mächteg Kompositioune vu Mussorgsky a Prokofieff treffen op brillant Stécker vum Ravel.

Haydn, Brahms a Strauss

D’Wiener Symphoniker huelen eis mat op eng Rees vun der Wiener Klassik bis béi déi däitsch Spéitromantik.

Sheku Kanneh-Maston spillt Elgar

Lauschtert de Concert vum jonken Cellist beim Verbier Festival 2023

En Owend mat der Sheherazade

De Sinfoneschen Orchester vu Radio France ënner der Baguette vum Pietari Inkinen hëllt eis mat op eng Rees duerch en imaginéierten Orient. D'Sopranistin Fatma Saïd iwwerhëllt d'Roll vun der Sheherazade.

Inspiratioun aus der Renaissance

De Sinfonieorchester Norrköping spillt Wierker, déi vun zwee bedeitende Renaissance-Moler inspiréiert goufen.

Bruckner 5

De WDR Sinfonieorchester spillt déi fënneft Sinfonie vum Anton Bruckner, ënner der Leedung vum Marek Janowski.

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

Piotr Anderszewski spillt Bartók

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana interpretéiert de Solist dem Béla Bartók säin drëtte Pianosconcerto.

Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

D'London Mozart Players feiere mat engem grousse Mozart Programm: 2 Pianosconcertoen, 3 Operenarien an d'Haffner-Sinfonie stinn op der Affiche.

Den Igor Levit an d'NDR Elbphilharmonie spille Brahms a Bartók

Ënner der Baguette vum Alan Gilbert spillen si den drëtte Pianosconcerto vum Bartók an déi éischt Sinfonie vum Brahms.

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

Mozart, Beethoven a Mahler

Den Adam Fischer dirigéiert den Danish Chamber Orchestra mat engem Concerto fir Cor an engem Arrangement vu sengem Papp.

D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

Begleet vum Mozarteumorchester Salzburg séngt si ë.a. Arien aus Don Giovanni, Il burbero di buon cuore a Così fan tutte.