Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert Euroradio

100komma7.lu / Concert Euroradio

/ Concert Euroradio

Concert Euroradio

Dës Emissioun huet e ganz variéierte Programm mat Musek vum Erwin Schulhoff, deen 1942 an engem Nazi-KZ ëmkoum, dem Beethoven säi 4. Pianosconcerto mat der russescher Putin- Géignerin Yulianna Avdeeva an der 4. Symphonie vum Franz Schmidt, Requiem für meine Tochter, mam WDR-Symphonieorchester Köln ënnert dem Manfred Honeck.

Programm:
Erwin Schulhoff (arr. Manfred Honeck, Thomas Ille) : 5 Stücke für Streichquartett (Orchesterversioun)
Ludwig van Beethoven: Pianosconcerto Nr. 4, Op. 58
Franz Schubert: Six Moments musicaux, Op. 94, D. 780, Allegro moderato
Franz Schmidt: Symphonie Nr. 4

Interpreten:
Yulianna Avdeeva, Piano
WDR Symphonieorchester Köln
Manfred Honeck, Direktioun

Musek
Concert
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Baritonsänger, genee wéi säi Papp

Deen éisträicheschen Operesänger Liviu Holender séngt Musek vum Gustav Mahler.

De Francesco Tristano um Vilnius Midsummer Festival

De Lëtzebuerger Museker an den New Ideas Chamber Orchestra reinterpretéieren dem Bach säi 7. Concerto a spillen och iwwerraschend Wierker vum Lëtzebuerger Pianist. Eng Mëschung tëschent Klassik, Jazz an Techno ...

En Owend voller Sibelius

Dem finneschen Nationalkomponist seng éischt a lescht Sinfonie a säi beléiften a virtuose Geieconcerto stinn um Programm.

Déi jonk Pianistin Danae Dörken

Si an dee jonke Geiist Dmitry Smirnov spillen zesumme mam Deutsches Symphonie-Orchester.

Yuja Wang an d'Berliner Philharmoniker spillen op der Waldbühne

E virtuosen a magesche Programm: mächteg Kompositioune vu Mussorgsky a Prokofieff treffen op brillant Stécker vum Ravel.

Haydn, Brahms a Strauss

D’Wiener Symphoniker huelen eis mat op eng Rees vun der Wiener Klassik bis béi déi däitsch Spéitromantik.

Sheku Kanneh-Maston spillt Elgar

Lauschtert de Concert vum jonken Cellist beim Verbier Festival 2023

En Owend mat der Sheherazade

De Sinfoneschen Orchester vu Radio France ënner der Baguette vum Pietari Inkinen hëllt eis mat op eng Rees duerch en imaginéierten Orient. D'Sopranistin Fatma Saïd iwwerhëllt d'Roll vun der Sheherazade.

Inspiratioun aus der Renaissance

De Sinfonieorchester Norrköping spillt Wierker, déi vun zwee bedeitende Renaissance-Moler inspiréiert goufen.

Bruckner 5

De WDR Sinfonieorchester spillt déi fënneft Sinfonie vum Anton Bruckner, ënner der Leedung vum Marek Janowski.

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

Piotr Anderszewski spillt Bartók

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana interpretéiert de Solist dem Béla Bartók säin drëtte Pianosconcerto.

Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

D'London Mozart Players feiere mat engem grousse Mozart Programm: 2 Pianosconcertoen, 3 Operenarien an d'Haffner-Sinfonie stinn op der Affiche.

Den Igor Levit an d'NDR Elbphilharmonie spille Brahms a Bartók

Ënner der Baguette vum Alan Gilbert spillen si den drëtte Pianosconcerto vum Bartók an déi éischt Sinfonie vum Brahms.

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

Mozart, Beethoven a Mahler

Den Adam Fischer dirigéiert den Danish Chamber Orchestra mat engem Concerto fir Cor an engem Arrangement vu sengem Papp.