Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert Euroradio

Mir iwwerdroen haut de Gala Concert vun den International Classical Music Awards, ICMA, deen dëst Joer am Palau de la Música zu Valencia stattfonnt huet. Nieft dem Orchester vu Valencia ënnert dem Alexander Liebreich si Solisten ze héiere wéi den Duo Pekinel, de Geiist Renaud Capuçon, d'Cellistin Tanja Tetzlaff an d'Sänger Aida Pascu a Cyrille Dubois.

Dëse Concert ass den 12.04.2024 zu Valencia am Palau de la Música opgeholl ginn a gëtt Iech presentéiert vum Remy Franck. Dir kënnt de Concert bis den 3. Juli 2024 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Programm:

Maurice Ravel: Lever du Jour (Daphnis et Cloé, Suite No. 2)
Mario Castelnuovo-Tedesco: Concerto Nr. 1, Op. 99 fir Gittar an Orchester, 1. Saz
Olivier Messiaen: L’Ascension (3. Saz)
Giuseppe Verdi: Ernani, involami (Ernani)
Charlotte Sohy: Thème varié, Op. 15
Orazio Sciortino: Grande Bagatelle fir Orchester (2023/24)
Johann Sebastian Bach: Concerto fir 2 Pianoen BWV 1062 (1. Saz)
Witold Lutosławski - Fragmenter aus Paganini Variations
Jean-Féry Rebel: Impétueux torrent aus Tarsis
Maurice Ravel: Tzigane
Kaija Saariaho: Dolce Tormento
Antonin Dvořák: Rondo fir Cello an Orchester Op 94

Interpreten:

Orquesta de Valencia, Alexander Liebreich (Dirigent)
Cassie Martin, Guitare
Sylvain Cambreling, Dirigent
Aida Pascu, Sopran
Renaud Capuçon, Gei
Orazio Sciortino, Dirigent
Duo Pekinel
Cyrille Dubois, Tenor
Lana Zorjan, Gei
Sharon Bezaly, Piccolo
Tanja Tetzlaff, Cello

Musek
Concert
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Sheku Kanneh-Maston spillt Elgar

Lauschtert de Concert vum jonken Cellist beim Verbier Festival 2023

En Owend mat der Sheherazade

De Sinfoneschen Orchester vu Radio France ënner der Baguette vum Pietari Inkinen hëllt eis mat op eng Rees duerch en imaginéierten Orient. D'Sopranistin Fatma Saïd iwwerhëllt d'Roll vun der Sheherazade.

Inspiratioun aus der Renaissance

De Sinfonieorchester Norrköping spillt Wierker, déi vun zwee bedeitende Renaissance-Moler inspiréiert goufen.

Bruckner 5

De WDR Sinfonieorchester spillt déi fënneft Sinfonie vum Anton Bruckner, ënner der Leedung vum Marek Janowski.

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

Piotr Anderszewski spillt Bartók

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana interpretéiert de Solist dem Béla Bartók säin drëtte Pianosconcerto.

Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

D'London Mozart Players feiere mat engem grousse Mozart Programm: 2 Pianosconcertoen, 3 Operenarien an d'Haffner-Sinfonie stinn op der Affiche.

Den Igor Levit an d'NDR Elbphilharmonie spille Brahms a Bartók

Ënner der Baguette vum Alan Gilbert spillen si den drëtte Pianosconcerto vum Bartók an déi éischt Sinfonie vum Brahms.

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

Mozart, Beethoven a Mahler

Den Adam Fischer dirigéiert den Danish Chamber Orchestra mat engem Concerto fir Cor an engem Arrangement vu sengem Papp.

D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

Begleet vum Mozarteumorchester Salzburg séngt si ë.a. Arien aus Don Giovanni, Il burbero di buon cuore a Così fan tutte.

En Owend voller Sibelius

Dem finneschen Nationalkomponist seng éischt a lescht Sinfonie a säi beléiften a virtuose Geieconcerto stinn um Programm.

D'Wiener Philharmoniker spillen um George Enescu Festival

E Concert voller rauer Energie a rustikaalt Temperament aus der mährescher Volleksmusek. Mat Suitte vum Leoš Janáček a vum George Enescu an dat ënner der Baguette vum Jakub Hrůša.

Colin Pütz: en Numm, deen ee sech mierke sollt

Dee 17-järege Pianist spillt den 21. Pianosconcerto vum Mozart, zesumme mam George Enescu Philharmonic Orchestra.

Baritonsänger, genee wéi säi Papp

Den Éisträicher Operesänger Liviu Holender sengt Musek vum Gustav Mahler.

Schubert a Schumann

SWR Symphonieorchester, Giovanni Antonin a Sol Gabetta