Faarwen sinn beim Iessen wéi eng Zort Virgespréich tëscht dem Liewensmëttel an eisem Gehir.
Kanner reagéieren staark op Faarwen a Kontraster, an dat kann ee ganz gezielt notzen, fir méi Geméis op den Teller ze bréngen.
De Goût entsteet am Kapp an net op der Zong. Faarwe setzen Erwaardungen, Musek schaaft Stëmmung a Beliichtung entscheet doriwwer, ob mir séier oder genossvoll iessen. Dëse Bäitrag mat Explikatioune vun der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin weist, firwat Genoss a Gesondheet zesummegehéieren a wéi kleng sensoresch Ännerungen eist Iessverhale positiv beaflosse kënnen.
Ernärung gëtt esou zu engem Erliefnes, dat Sënn mécht an eis guttdeet.
Fir bewosst ze iessen an d'Siedegung besser ze spieren, hëllefen roueg Musek, waarmt Liicht an Telleren mat Kontrast.