Auslandschronik
Virgezunne Walen a Groussbritannien
4 min
Net nëmmen a Frankräich, mee och a Groussbritannie gëtt et virgezunne Parlamentswalen. Muer ginn déi 650 Deputéiert fir d’House of Commons nei gewielt. Zanter 2010 sinn déi Konservativ a Groussbritannien un der Muecht, awer Ëmfroe weisen, datt de konservative Premier Rishi Sunak riskéiert d'Muecht ze verléieren. De brittesche Walkampf war relativ kuerz - annerhallwe Mount - a virun allem huet sech an de Sondagen net vill beweegt. Déi Konservativ hate selwer eng Rei Skandaler provozéiert a bleiwen 20 Prozentpunkten hanner der lénker Labour Partei.
Vu London eis Korrespondentin Marie Billon