Auslandschronik
Portugal: Premierminister Luis Montenegro annoncéiert Justizreform
4 min
A Portugal huet déi nei Riets-Regierung hir Moossname géint d’Korruptioun annoncéiert. Juristesch Affairë sollen acceleréiert ginn an de Kampf géint Bedruch méi effektiv gemaach ginn. Fir de Premierminister Luis Montenegro geet et drëms, e breede Konsens fir eng déifgräifend Justizreform ze kréien. Bestëmmten Iddie wéi d'Iwwerwaachung vun de Lobbyen, d'Konfiskatioun vun illegal erkaaftem Eegentum, d'Reguléierung vun de Bezéiungen tëscht Institutiounen a Fournisseuren, an déi bevirdeelegt Notzung vu staatlechen Affekote sinn innovativ. Awer d'Oppositioun schéngt net iwwerzeegt. D'Anti-Korruptiounspläng missen nach vun der Nationalversammlung guttgeheescht ginn. Eng Chronik vu Lissabon vum Marie-Line Darcy.