arrow_back_ios
Auslandschronik
100komma7.lu
/ Auslandschronik
/ Trotz Rietsruck an Europa: D'Labour-Partei geet gestäerkt aus de rezente Lokalwalen ervir
Trotz Rietsruck an Europa: D'Labour-Partei geet gestäerkt aus de rezente Lokalwalen ervir
Déi erfreelech Resultater vun der Labour Party bei de rezente lokale Walen an England wéi och a Wales Ufank Mee, confirméieren d‘Ëmfroen aus de leschte Méint: Labour ass um Punkt fir d‘Muecht am Vereenegte Kinnekräich ze iwwerhuelen. Dat zu engem Zäitpunkt, wou Europa riskéiert, no riets ze rutschen.