D’Kanner a Prozesser mat abannen ass wichteg fir hir Entwécklung. Si sinn d’Experte vun hirer Liewenswelt a wëssen am beschte selwer, wat si brauchen a wëllen. Mee fir Kannerparticipatioun och ze liewe mussen d’Kanner an déi Erwuessen e Verständnis vu Participatioun entwéckelen a fäeg sinn hiert Recht ze erkennen an ëmzesetzen. Dobäi hänkt de Participatiounsniveau vu Kanner vum Alter vun de Kanner an hire jeeweilege Kompetenzen of. Wat si méi al ginn, wat si och ëmmer méi dra gefërdert kënne ginn hir Bedierfnisser, Meenungen an Interesse matzedeelen.
D’Jessica Gloden vum Kannermusée Plomm gëtt weider Informatiounen. (www.plomm.lu)