Am natur musée fannt Dir d'Skelett vum eelste Lëtzebuerger, dem Loschbuer-Mann. Hien ass virun 8.000 Joer am Mëllerdall begruewe ginn. Virun 10 Joer wollte Wëssenschaftler:innen aus dem Natur musée méi iwwer hie wëssen. Mat Hëllef vun DNA-Analyse konnte si dem Loschi, wéi en am Musée genannt gëtt, net nëmmen e Gesiicht ginn, nee si hunn och Neies iwwer seng Ofstamung kënnen un d’Luucht bréngen.
Zanterhier huet de Loschi seng fest Plaz am natur musée a waart drop Iech seng Geschicht erzielen ze kënnen.
Méi Informatioune fannt Dir ënner www.mnhn.lu.