Wéi kann ee säin Doheem fir den Alter upassen, fir esou laang wéi méiglech autonom ze bleiwen, ass d’Theema vun der Konferenz “L’habitat: Repenser son confort d’usage” mat der France Rolland. Si ass eng pensionéiert Ergotherapeutin an erkläert, wéi ee säin Doheem fir den Alter upasse kann, fir autonom ze bleiwen. D'France Rolland, déi vill Erfarung mat ADAPTH huet, deelt hir Tippen a Rotschléi fir d'Wunnraumupassung. Si betount dobäi d’Wichtegkeet vun der Sécherheet am Haus.
Den Echange "L’habitat: Repenser son confort d’usage" ass den 22.5.2025 beim GERO zu Bouneweg, eng Plattform fir Froen an Diskussiounen iwwer altersgerecht Wunnen. Doriwwer méi am Gespréich mam Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu)