De Senior Drivers Day, organiséiert vum GERO a mam Support vum Familljeministère, erlaabt Senioren hir Fuerkompetenzen op der Teststreck zu Colmar-Bierg ze testen an ze verbesseren. D‘Participante bréngen hiren eegenen Auto mat a fueren duerch verschidden Atelieren, déi sech op Fuersécherheet konzentréieren. D‘Atelieren enthalen Tester wéi Vollbremsungen an d'Navigatioun duerch Hindernisser.
De Programm gouf ugepasst fir méi praktesch Übungen unzebidden, wat gutt ukoum. D'Participanten hunn och d'Méiglechkeet, en Elektroauto ze testen. Den Dag gëtt mat engem Certificat ofgeschloss. Explikatioune vum Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu)