Endometrios ass déi zweet heefegst gynekologesch Erkrankung. Schätzungsweis ass all siwent Fra vun dëser Krankheet betraff. Dacks bedeit d’Krankheet massiv Aschränkunge fir déi betraffe Persounen. Ursaachen an Heelung si bis ewell net bekannt. Jorelaang gouf Endometrios kaum erfuerscht, well se bal just Frae betrëfft, als guttaarteg a generell net déidlech verleeft. Vill Frae leide jorelaang ouni Diagnos, dofir ass Opklärung wichteg an dofir schwätze mir mat der Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender. (www.cid-fg.lu)
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
D'Nobelpräisser gi verdeelt 2/2
Mir schwätzen iwwer Präïsser vun dësem Joer an iwwer de witzegen 'Cousin', den Ig-Nobelpräis.
Et ass nees d'Zäit vun den Nobelpräisser 1/2
An der éischter Woch Oktober kann een an de Norichten op der ganzer Welt gewuer gi wien déi nei Nobelpräisgewënner vum Joer sinn.
Resilienz
Psychesch Widerstandsfähegkeit trotz Ëmstänn.