arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ Kannermusée Plomm

Kannermusée Plomm

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

D’ChiCo 2025 ass de 16. Abrëll am Petz (Hall polyvalent) zu Wegdichen bei Wolz a beschäftegt gëtt sech mam Theema “Ech si wichteg! Ech hunn Iddien!

D’ChiCo - Children’s Conference ass eng national Konferenz fir Kanner tëschent 8 an 12 Joer. Et geet drëm Kannerparticipatioun an demokratesch Wäerter an de Vierdergrond ze stellen. Dëst Joer sollen de Kanner Weeër gewise ginn, wéi si hir Iddie kënnen ëmsetzen. Den Engagement vun de Kanner gëtt esou gefërdert a wäertgeschätzt.

Nieft de Kanner gëtt och dat pädagogescht Fachpersonal, dat si begleet, bei der Kannerkonferenz involvéiert. Si kréien nei Impulser a léieren nei Methode kenne fir Kannerpartizipatioun an hiren Ariichtungen ze stäerken. D’Fachpersonal gëtt dozou agelueden eng nei Perspektiv anzehuelen, si kënnen een Abléck an d’Potenzialer vu Kannerbedeelegung kréien a gläichzäiteg hiren Knowhow an d’Diskussioun iwwer Partizipatioun verdéiwen a verfestegen.

Och d’Organisateuren hunn d’Zil duerch d’ChiCo nei Erkenntnisser iwwer d’Kannerparticipatioun ze gewannen a Methoden auszeschaffen, déi op nationaler Basis kënne genotzt ginn.

D’ChiCo ass organiséiert vum Kannermusée Plomm an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Centre Cinqfontaines, OKAJU, Jugendbureau Éislék, Centre Formida an Unicef.

Explikatiounen huet d’Mandy Cruchten vum Kannermusée Plomm. (www.plomm.lu)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Erzéiungs- a Familljeberodung

Fair Play - am Interessi vun de Kanner
headphones

6 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Seit 40 Jahren Familien begleiten - Wie sich Initiativ Liewensufank für Eltern und Kinder in Luxemburg engagiert
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

De Musée riicht sech och mat enger Offer un déi Erwuessen aus dem Secteur vun der non-formaler Bildung.
headphones

5 min

play_arrow

Gero - Kompetenzzenter fir den Alter

Wichtegkeet vun der Beweegung am Alter
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Kannerbicher iwwert Trennung a Scheedung.
headphones

5 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Um Weekend vun den oppene Kierchen (5.- 7.Juni) geet et ëm d'Monumenter, déi an oder bei de Kierchen ze fanne sinn. 68 Kierche maache mat.
headphones

7 min

play_arrow

Naturmusée

Wëll Orchideeë vu Lëtzebuerg am Naturmusée
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

A wéi wäit huet eise Medienkonsum, kuerz virum Schlofe goen, en Afloss op eise Schlof?
headphones

7 min

play_arrow
CID – Fraen an Gender | © Bigstock

CID – Fraen an Gender

Vum 1. bis de 7. Juni fënnt zu Lëtzebuerg déi éischt Fraengesondheetswoch statt.
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs a Familljencenter

Wéi fillt sech e Kand no enger Trennung? A wat si méiglech Reaktiounen?
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Akzent, den Zenter fir accessibel Kommunikatioun
headphones

8 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

An enger Woch ass d‘Péngschtvakanz a fir all déi, déi net am Ausland ënnerwee sinn, ass de Kannermusée Plomm zu Wolz do.
headphones

3 min

play_arrow

Familljen-Center

D'Elteren-Jugendlechen-Mediatioun ass eng Form vun der Konfliktklärung. Se setzt do un, wou d'Gespréicher tëschent Elteren an de Kanner feststiechen.
headphones

5 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

De Philo-Café vun der EwB
headphones

4 min

play_arrow

KJT - Kanner-Jugendtelefon

Mental Gesondheet stärken / Selbstregulation
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

D'Liewen huet vill faszinéierend Saache parat a villes dovunner kann ee sech am Naturmuséee ukucken.
headphones

8 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Glücksspielsucht als psychische Erkrankung
headphones

6 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

De feministesche Bléck - Meedercher a Fraen am Krich
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Wann Eltere sech streiden: Wat geet an de Kanner vir?
headphones

5 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Service FabyPLUS ass e Service, dee schwanger Fraen, dacks Mannerjäreger, a Famille mat Bëbeeën a klenge Kanner begleet, déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen.
headphones

6 min

play_arrow