Sharenting beschreift d’Praxis vun Elteren, Fotoen a perséinlech Momenter vun hire Kanner online ze deelen. Och wann dëst aus Stolz geschitt, kann et d’Privatsphär vun de Kanner a Gefor bréngen. Vill Kanner hu schonn Honnerte Fotoen am Netz, ouni jee gefrot ginn ze sinn. Dëst ka laangfristeg Konsequenze mat sech bréngen, well online Inhalter dacks schwéier ze läsche sinn.
D’Risike vum Sharenting sinn ënner anerem Identitéitsklau, Mëssbrauch vu Fotoen duerch Friemer a familiär Spannungen, wa Kanner méi al ginn a sech un hirer Online-Presenz stéieren. D’Technologie entwéckelt sech weider an d’Gefor vu Bildmanipulatioun duerch Kënschtlech Intelligenz klëmmt.
Fir d’Kanner ze schütze sollen Eltere sech iwwer d’Privatsphär-Astellungen informéieren, Fotoe just am klenge Krees deelen an d’Kand, wann et al genuch ass, ëm Erlabnis froen. Verantwortung bewosst iwwerhuelen ass hei de Schlëssel. Explikatioune mam Jeff Kaufmann vu Bee-Secure. D’Helpline-Nummer vu Bee Secure ass den 8002 1234 oder iwwer www.bee-secure.lu