D'Schwangerschaft ass eng Phas vu ville Verännerungen am Liewe vun enger Fra: physesch, hormonell, psychesch an emotional. Meeschtens steet dat ongebuerent Kand am Mëttelpunkt vun der Opmierksamkeet.
Dësen Atelier, La grossesse et sa boîte aux trésors, gëtt de Fraen d'Méiglechkeet sech Zäit fir sech selwer ze huelen an de Bléck no bannen ze riichten.
D‘Iddi vun dësem Atelier ass et duerch eng Mëschung aus Gespréicher a kreativen Aktivitéiten d‘Ressourcë vun de Fraen ze stäerken duerch d‘Gestaltung vun enger perséinlecher Schatzkëscht.
Explikatiounen huet d’Angela Laera, Psychologue diplômée beim Familljencenter.
Erausgepickt:
La grossesse et sa boîte aux trésors, 23.03, 27.04, 25.05. vun 10:00-13:00
(www.familljencenter.lu)