Historesch, monumental, du jamais-vu – sou gëtt a Groussbritannien d’Victoire vun der Labour-Partei bei de Parlamentswalen kommentéiert. No 14 Joer an der Oppositioun huet d’Labour-Partei bei de Parlamentswalen kloer d’Majoritéit gewonnen. 410 vun 650 Deputéiert am Parlament dierft déi sozialdemokratesch Labour BBC-Prognosen no stellen. Dat sinn der duebelt sou vill wéi bis elo. Déi konservativ Tories sinn ofgewielt a mussen eng schwéier Néierlag hinhuelen. Groussbritannien steet virun engem Muechtwiessel. De Labour-Chef Keir Starmer gëtt den neie Premierminister a kënnt an d’Downing Street. Schonn haut wäert de King Charles him den Optrag vun der Regierungsbildung ginn. Éischt Reaktiounen no de Walresultater huet den ARD-Korrespondent Christoph Prössel.
arrow_back_ios
Aktuelles
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
