De Björn Höcke gëllt als ee vun den ëmstriddenste Politiker an Däitschland. Hien ass Chef vun der AFD an Thüringen, déi vum Landesverfassungsschutz als rietsextrem agestuuft gouf an ënner Observatioun ass. Ëmmer nees si Riede vum Höcke an d’Diskussioun geroden. An elo steet hien dowéinst viru Geriicht. Hien kritt virgehäit, NS-Vocabulaire a Symboler vun terroristeschen a verfassungsfeindlechen Organisatioune benotzt ze hunn. De fréiere Geschichtsenseignant behaapt, dass hien net wosst, dass et sech bei deene Begrëffer ëm eng verbueten SA-Parole gehandelt huet.
Beim Optakt vum Prozess um Landgericht zu Halle an Däitschland gouf et eng Rei Ënnerbriechungen. Et hat e puer Stonne gedauert, bis datt d’Uklo virgelies konnt ginn.