Leit aus der ganzer Welt hunn sech op d’Péitersplaz zu Roum versammelt. Si wëllen de berüümte wäissen Damp gesinn deen d’Wiel vun engem neie Poopst nom Doud vum Franziskus haut annoncéiere kéint.
Bis elo gouf et just schwaarzen Damp ze gesinn, dat heescht dat déi 133 Kardineel an der Sixtinescher Kapell nach keng Zweedrëttel-Majoritéit fonnt hunn.
Eise Korrespondent Philip Crowther ass zu Roum an huet do och Lëtzebuerger getraff.