Op der Quadripartite am Oktober vum leschte Joer krut d'IGSS (d'Inspection Générale de la Sécurité Sociale,) den Optrag, d'Urgenceservicer bannent a baussent de Spideeler hei am Land ënner d'Lupp ze huelen. Nieft de renge Spidolsurgencë goufen also och d'Noutdéngschter an den dräi Maison-médicallen a bei Garde-Doktere betruecht, op Basis vun de Remboursementer vun de Krankekeesen huet ee sech do en Iwwerbléck verschaaft. Festgestallt gouf ënner anerem, datt d'Maisons-medicalle gutt genotzt ginn an datt virun allem eeler Leit a Kanner an den Urgencen optauchen. D'IGSS schwätzt an hirer Conclusioun vun Zuelen, déi opschlossräich wieren an déi verschidde Perspektive géife bidden. De Ball gëtt hei weider un den zoustännegen Aarbechtsgrupp gespillt, dee seng Conclusioune muss zéien. De Jacques Ganser huet bei der IGSS nogefrot.
arrow_back_ios
Aktuelles
IGSS: Urgenceservicer an Zuelen
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
