DasRADIAL ass de musikalesche Projet vum Max Thommes. Den Acteur huet als Teenager als Drummer bei Inborn gespillt. Aktuell gëllt säi Fokus elektronesche Museksinstrumenter. Säin elektronesche Pop zitt Inspiratioun vun Neue Deutsche Welle an aus den Absurditéite vum digitalen Zäitalter.