Aircheck Sessions
Aircheck Session: Them Lights
27 min
Mir si live aus dem Studio 8 an hei sinn d’Markenzeeche vum lëtzebuergesche Projet Them Lights, deen haut op Besuch ass, opgebaut, nämlech déi Luuchten, déi iwwerall mat higinn, wou de Sacha Hanlet säin Dark-Electro-Projet op eng Bün stellt.
Leschtens huet Them Lights um Reeperbahn Festival zu Hamburg op Invitatioun vu KulturLX gespillt, do virdrun eng speziell Show fir d’41-Joer-Gebuertsdagsfeier vun der Escher Kulturfabrik, déi fir de Projet immens wichteg war an eng dräi Joer laang Residenz gestëft hat, fir de Projet nei- a weiderzedenken. Och wann déi lescht Them-Lights-EP, “DRK”, eréischt 9 Méint al ass, sinn all d’Efforte schonn op der nächster, déi fir 2025 geplangt ass. Mir héieren dann op dëser Session och schonn neit Material, dat bis elo unreleased ass. Ëmsou méi geéiert an och virwëtzeg si mir.
Déi traditionell Coverversioun vun enger lëtzebuergescher Band ass an dëser Session deen zweete Song. Bün fräi fir Them Lights: op der Stëmm de Sacha Hanlet, an op der Batterie de Sergio Manique.
Presentéiert vum
- Marc Clement