De Parcours vum Trio Francis of Delirium ass gepräägt vun enger rarer Kombinatioun aus Éiergäiz an Éierlechkeet. Déi zwou Eegenschafte kommen zesummen an der Approche vun der Jana Bahrich, vis-à-vis vun hirer Musek wéi vun hirem Public. Fir ze léieren, wéi een deen ouni Angscht affrontéiert, huet si sech bäibruecht, an de Stroossen ze sangen an dobäi ze ënnerhalen. Haut schreift si Musek fir aner lëtzebuergesch Museker, erweidert de Spektrum vun hirer Band mat neien Iddien a Kollaboratiounen, wéi kierzlech mat der Produzentin Catherine Marks, déi ënner anerem op “Boygenius”, hirer lescht Plack, d’Commanden hat. No dräi EPen, an deenen d‘Entwécklung vum Quartett duerch Hooks an Emotiounen novollzéibar gëtt, ass elo den Debutalbum prett. E gëtt nächste Freideg, 22. Mäerz an de Rotondë presentéiert an heescht “Lighthouse“. Mir begréissen op der Bün den Denis Schumacher, de Jeff Hennico an d’Jana Bahrich, zesumme Francis of Delirium.
arrow_back_ios
Aircheck Sessions
Aircheck Session: Francis of Delirium
Lauschteren
play_arrow
headphones
18 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
Adriano Selva
De Museker presentéiert eis live Musek aus senger neier EP "Amour moderne".
DasRADIAL
DasRADIAL ass de musikalesche Projet vum Max Thommes. Säin elektronesche Pop zitt Inspiratioun vun Neue Deutsche Welle an aus den Absurditéite vum digitalen Zäitalter.
Ninon
Déi Lëtzebuergesch Kënschtlerin Ninon spillt kuerz virun der Release vun hirer neier EP eng Aircheck Session live um Radio 100,7.
Raftside
Op dem Dag vun der Realease vu sengem neien Album “TheModern Hope” ass de Filip Markiewicz mat sengem Projet Raftside bei eis an der Aircheck Session.
Aircheck Session: Nicool & Luca Sales
Déi zwee Lëtzebuerger Museker:innen presentéiere live bei eis am Studio hiren neie Projet "Liewen". Spoken Word trëfft hei op en Jazzpianist.
Aircheck Session - Octo
De Lëtzebuerger Rapper live am Studio 8 mat Lidder vu senger neier Debut-EP "Kräischen beim Flexen“.
Aircheck Session: TUYS
Déi Lëtzebuerger Band feiert hiren 18. Gebuertsdag. E gudde Grond si an eise Studio 8 ze invitéieren.
Aircheck Session: Autumn Sweater
D'Lëtzebuerger Indie Rock Veterane si live am Studio 8.
Aircheck Session: AEM
Live aus dem Studio 8: Déi jonk elektronesch Pop-Musekerin zerwéiert eng Portioun Vulnerabilitéit, Danzen an Däischtert.
Aircheck Session: ENGLBRT
ENGLBRT sinn de Sänger Georges Goerens an de Batteur Niels Engel. Si spille live bei eis am Studio 8 nei Songs.
Aircheck Session: Them Lights
Live aus dem Studio 8: Bün fräi fir Them Lights: op der Stëmm de Sacha Hanlet, an op der Batterie de Sergio Manique
Aircheck Session: The Aquatic Museum
D’Band bitt Musek tëschent de Genren. Jazz, Pop a Kammermusik verbanne sech zu enger ganz besonnescher Aart Chamber Pop.
Aircheck Session: Daniel Balthasar a Band
De Marc um Keyboard, de Schlapbe um Kontrabass an de Michel op den Drums. Begleet gi si vun engem Sträicherquartett mat zwou Geien, Braatsch a Cello live aus dem Studio 8
Aircheck Session: C’est Karma
Vun Hyper-Pop iwwer Fado bis zu Chanson. Déi Lëtzebuerger Musekerin verféiert eis an hirer Live-Performance an déi facettëräich Welt vun hirem neien Album.
Aircheck Session: Daniel Migliosi Quintet
Stellt Iech an eise Concertssall: Den Daniel Migliosi Quintet spillt eng Airchek-Session am Studio 8!
Aircheck Session: Francis of Delirium
De Parcours vum Trio ass gepräägt vun enger rarer Kombinatioun aus Éiergäiz an Éierlechkeet. Déi zwou Eegenschafte kommen zesummen an der Approche vun der Jana Bahrich, vis-à-vis vun hirer Musek wéi vun hirem Public.
Aircheck Session: Nea Lone
Deen neie Soloprojet vun der Lëtzebugerer Musekerin Nadja Prange live am Studio 8
Aircheck Session: Triana y Luca
Zesumme gi si op d‘Sich no hiren ibero-amerikanesche Wuerzelen. Triana y Luca – zwou Stëmmen, eng Gittar - invitéieren op eng folkloristesch a poetesch Rees, wou Migratioun, Natur a Léift openeentreffen.