Den Dario Cavallaro alias “Octo“ scheit sech a sengen Texter net fir staark Gefiller un d‘Dagesliicht ze bréngen. “Kräischen beim Flexen“ - esou heescht seng Debut-EP, op där mol méi eckeg, mol méi atmosphäresch Beats op perséinlech Ablécker a sengem Liewen treffen. Eng intim Rap-Produktioun mat enger déiwer Gefillslag.