Retromania
Serge Gainsbourg: Geniale Kënschtler a Provokateur
12 min
De franséische Chansonnier, Komponist, Schrëftsteller, Acteur an Enfant terrible Serge Gainsbourg ass ee vun de kreatiivsten, mee och kontroverséiertste Kënschtler, dee Frankräich an d'Welt erlieft hunn. Den 2. Mäerz 1991 ass de Serge Gainsbourg am Alter vun 61 Joer un Häerzproblemer gestuerwen, wat sécher mat sengem exzessive Liewensstil net vun ongeféier koum.
Vill Adepte vum Gainsbourg hunn dëst Joer den 2. Abrëll mat engem Patt an enger Zigarett un de Genie geduecht, de Serge Gainsbourg wier op deem Dag 95 Joer al ginn.
De Jean Claude Majerus denkt un den Enfant terrible aus der franséischer Musekszeen zeréck.