Radioen

On air

Concert Euroradio  |  En Owend mat der Sheherazade

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Originell

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Den Text vum Chico Buarque sengem Lidd "Construçao", dat 1971 erauskoum, ass eng déifgrënneg Ausso iwwer de Kapitalismus. Hei geet et ëm déi vill ongeséchert Aarbechter, déi an der Konstruktioun vun den Héichhaiser a Brasilien geschafft hunn a verongléckt sinn. De ganzen Album, och "Construçao" iwwerschriwwen, ass vollgepaakt mat Kritik géint de Regimm a gëtt vu villen ugesinn als dee beschte brasilianeschen Album of all time!

Decouverte dës Kéier ass d'Fatimah Nyeema Warner, an hirer Professioun bekannt als no name. Si ass eng amerikanesch Rapperin, Poetin a Plackeproduzentin.

Laurence Vanay war de Pseudonym vun der Musekerin a Produzentin Jacqueline Thibault. Si huet och mat hirem Mann zesummegeschafft, de Laurent Thibault, vun der bekannter Formatioun Magma. Den Album "Ghost Notes from the Stone Vessel" ass e Recueil vun hire Lidder, deen d'lescht Joer erauskoum.

D'Leyla McCalla ass eng Cellistin a Singer-Songwriterin, déi hiert kreolescht Ierwe mat den Traditioune vun de Cajuns an den Haitianer verbënnt mat Folk, Bluegrass an Jazz.

Den Akkordeon kënnt an dëser Emissioun zu Wuert bei der Tiroler Formatioun Oberian an och beim bretonesche Sänger a Museksethnolog Yann-Fañch Kemener.

Playlist:


Chico Buarque - Construção - Construção
noname - Window (feat. Phoelix) - Room 25
Gabriels - Bloodline - Bloodline
Laurence Vanay - Voyage les yeux fermés- Ghost Notes From the Stone Vessel
Sault - Uncomfortable - Uncomfortable - Untitled (Rise)
Angel Bat Dawid - London - The Oracle
Trondheim Soloists, Mari Samuelsen, Jesper Söderqvist & Gunnar Flagstad - Timelapse - Nordic Noir
Bazar Pamplona - É Tão Cafona o que Eu Sinto Por Você - Todo Futuro é Fabuloso
Leyla McCalla - Peze Café - A Day for the Hunter, a Day for the Prey
L'Attirail - Le pacte de Xochimilco - Wanted Men
Oberian - Zeit - Caliban Island
Yann-Fañch Kemener - Langues prolétaires - Roudennoù / Traces (Hommage à la poésie bretonne / Barzhoniezh Breizh)
Hiatus Kaiyote - Red Room - Mood Valiant

Musek

Episoden

Talent

E Songwriting, räich un Influenzen, en Jazz, deem seng Wuerzelen am Folk leien, akustesch Instrumenter, verflecht mat digitaler Technik an al Huesen aus der Karibik.

French Connection

Kandheetsfrënn, déi no längerer Paus nees zesummefonnt hunn, Geschichten iwwer d'Grenzpolitik an Ëmwelt-Katastrophen, a méi wéi een elegante Fransous!

French Connection

Kandheetsfrënn, déi no längerer Paus nees zesummefonnt hunn, Geschichten iwwer d'Grenzpolitik an Ëmwelt-Katastrophen, a méi wéi een elegante Fransous!

Love and Colours

Karibesch Poesie, Disco-Pop aus Kalifornien, e britteschen Trompettist a schéi Stëmmen.

Love and Colours

Karibesch Poesie, Disco-Pop aus Kalifornien, e britteschen Trompettist a schéi Stëmmen.

Globetrotter

Den Hang an duusse Berber Hänn, Globetrotter a Liewenskënschtler, déi méi wéi eng Kap ophunn an de Fado revisitéiert.

Globetrotter

Den Hang an duusse Berber Hänn, Globetrotter a Liewenskënschtler, déi méi wéi eng Kap ophunn an de Fado revisitéiert.

Memories

Al Bekannter, de Blues revisitéiert, Funk aus dem Togo, Ethio Fusiounen an Erënnerungen un en Hellegen, deen et tatsächlech gëtt.

Memories

Al Bekannter, de Blues revisitéiert, Funk aus dem Togo, Ethio Fusiounen an Erënnerungen un en Hellegen, deen et tatsächlech gëtt.

Genoma

E Fransous, deen aus den Träipen eraus sengt, en aneren, deen iwwer d'Genom nodenkt, en iresche Songwriter an de Paräisser Baren an e Klang, wéi net vun dëser Welt.

Genoma

E Fransous, deen aus den Träipen eraus sengt, en aneren, deen iwwer d'Genom nodenkt, en iresche Songwriter an de Paräisser Baren an e Klang, wéi net vun dëser Welt.

Summer's here

Musek aus Galizien, eng rar Pärel nei verëffentlecht an Techno mat Sträicher ...

Summer's here

Musek aus Galizien, eng rar Pärel nei verëffentlecht an Techno mat Sträicher ...

Engagéiert Causen

Lidder aus Griichenland vun de 60er a 70er Joren nei opgemëscht, Jazz aus dem Norden an aus dem Süden, engagéiert Museker fir d'Mënscherechter a fir den Erhalt vun de Weltmierer.

Engagéiert Causen

Lidder aus Griichenland vun de 60er a 70er Joren nei opgemëscht, Jazz aus dem Norden an aus dem Süden, engagéiert Museker fir d'Mënscherechter a fir den Erhalt vun de Weltmierer.

Eege Weeër

Eege Weeër

Shapes of the Fall

Vill cross-kulturell Dialoger bei One World an engagéiert Artisten déi sech asetze fir d'Fräiheet vun de Mënschen.

Shapes of the Fall

Vill cross-kulturell Dialoger bei One World an engagéiert Artisten déi sech asetze fir d'Fräiheet vun de Mënschen.

Brighter Days Ahead

Kreativ Collaboratiounen, eege Stiler an nei Disken, déi den Zäitgeescht refletéieren.
headphones

60 min

play_arrow