Aktuelles
Den OAI mécht sech Suergen iwwer d'Zukunft vum Bausecteur
3 min
Den Orde des Architectes et Ingenieurs Conseils - kuerz OAI - mécht sech Suergen: Leschte Mount wiere bal 40 Prozent manner Konstruktiouns-Demande autoriséiert ginn. Dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi den OAI bei senge Member lancéiert huet. Dat fir eng Bestandsopnam vun der momentaner Situatioun um Terrain ze maachen an d'Evolutioun vum Secteur ze antizipéieren. Iwwer d'Hallschent vun deenen, déi geäntwert hunn, géifen hir ekonomesch Situatioun den Ament zwar als zefriddestellend bezeechnen, ma ee Fënneftel géif se als schlecht aschätzen. Bei klenge Büroe vu manner wéi 6 Leit, géif dee Prozentsaz esouguer op ee Véierels klammen, esou den OAI. Deementspriechend moer gesinn der Ëmfro no och d'Astellungs-Prognosen am Secteur aus: Knapp ee Fënneftel vun de Büroe géifen dëst Joer drun denke Personal anzestellen.
Episoden
Wou d'Uelzecht nees duerch d'Wisen zéit
Bis 2030 sollen an der EU 25.000 Kilometer u Flëss renaturéiert ginn, dat ass d'Zil vum Programm Life, dee finanziell vun der BEI ënnerstëtzt gëtt. D'Uelzecht an d'Péitruss stinn och op där
Geplangte Reform fir d'Aktivitéit vun den Dageselteren
Den neie Gesetzestext gesäit eng Hausse vun der maximaler finanzieller Participatioun vum Staat fir d'Assistance parentale vir. Dës soll vun 3,75 op 5,4 Euro d'Stonn pro Kand eropgoen.

Grénge Waasserstoff: Energieträger vun der Zukunft ?
Zu Rotterdam soll de gréissten Trading Hub fir grénge Waasserstoff entstoen. Och Lëtzebuerg wëll den Uschloss un de Waasserstoff aus erneierbaren Energien net verpassen.

Amnesty International iwwer d'Anhale vun de Mënscherechter
An dem iwwer 500 Säite laange Joresrapport huet Amnesty International d'Anhale vun de Mënscherechter an 156 Länner ënner d'Lupp geholl
Amnesty International iwwer d'Anhale vun de Mënscherechter
An dem iwwer 500 Säite laange Joresrapport huet Amnesty International d'Anhale vun de Mënscherechter an 156 Länner ënner d'Lupp geholl
Genormte Kontrollen an der Ëmweltverwaltung
Iwwer een Drëttel vu 50, op chemesch Substanze gepréiften Alldagsgéigestänn missten aus der Vente geholl ginn. Europäesch Reglementatioune no de selwechten Normen.

![opus 100,7: Den neie Klassik-Webradio](/legacy/images/9859/image-thumb__9859__base_thumbnail/Jean-Lou%20Siweck%20a%20Luc%20Boentges.ba7a3b2c.jpg)