Um Méindeg hunn sech den Energieminister Claude Turmes a säin hollänneschen Homolog Rob Jetten zu Rotterdam Rendez-vous gi fir iwwer d'Produktioun an den Transport vu Waasserstoff aus erneierbaren Energien ze diskutéieren. Den Ament baséiert déi global Waasserstoffproduktioun nach zum gréissten Deel op fossillen Energien. De grénge Waasserstoff, aus erneierbaren Energien, wéi Solar- oder Wandenergie, konnt bis ewell net mam fossil-baséierte Waasserstoff mathalen, well e bis zu dräi mol méi deier ass. Fir d'Industrie ze dekarboniséieren, féiert awer kee Wee laanscht de proppere Waasserstoff. Um gréissten Hafe vun Europa soll elo de gréissten Trading Hub fir grénge Waasserstoff entstoen. Mir waren op der Plaz.
arrow_back_ios
Aktuelles
Grénge Waasserstoff: Energieträger vun der Zukunft ?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
