Den Orde des Architectes et Ingenieurs Conseils - kuerz OAI - mécht sech Suergen: Leschte Mount wiere bal 40 Prozent manner Konstruktiouns-Demande autoriséiert ginn. Dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi den OAI bei senge Member lancéiert huet. Dat fir eng Bestandsopnam vun der momentaner Situatioun um Terrain ze maachen an d'Evolutioun vum Secteur ze antizipéieren. Iwwer d'Hallschent vun deenen, déi geäntwert hunn, géifen hir ekonomesch Situatioun den Ament zwar als zefriddestellend bezeechnen, ma ee Fënneftel géif se als schlecht aschätzen. Bei klenge Büroe vu manner wéi 6 Leit, géif dee Prozentsaz esouguer op ee Véierels klammen, esou den OAI. Deementspriechend moer gesinn der Ëmfro no och d'Astellungs-Prognosen am Secteur aus: Knapp ee Fënneftel vun de Büroe géifen dëst Joer drun denke Personal anzestellen.
arrow_back_ios
Aktuelles
Den OAI mécht sech Suergen iwwer d'Zukunft vum Bausecteur
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
