Patienten, déi Reha maachen, hu meeschtens e schwéiert Accident oder eng schlëmm Krankheet hannert sech - op mannst emol hei am Land. Leit, déi duerch eng Bommen- oder Minnenexplosioun blesséiert goufe fënnt een a Rehazenteren an eiser Géigend dogéint éischter seelen.
Am nationale Rehazenter a Lettland gehéiert dat awer mëttlerweil zum Alldag. De Rick Mertens huet den Zenter um Bord vum Grand-Duc senger Staatsvisitt an dem baltesche Land besicht, an huet eis den hei Reportage matbruecht.