Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - Net een ouni deen aneren

play_arrow Live
arrow_back_ios

Zäitspuer

100komma7.lu / Zäitspuer

/ Esch 1918: Eng brutal Rebellioun, déi séier nees vergiess gouf

Esch 1918: Eng brutal Rebellioun, déi séier nees vergiess gouf

headphones

41 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An der Nuecht vum 26. op de 27. November 1918 sinn zu Esch méi ewéi 60 Butteker geplëmmt ginn: D'Escher waren esou rosen op d'Geschäftsleit, datt si hir Regaler a Vitrinne futti geschloen hunn. Mee obwuel grousse Materialschued entstanen ass, sinn d'Onroue vun deemools relativ séier nees a Vergiessenheet geroden.

Zwee jonk Historiker vun der Uni Lëtzebuerg hunn d'Evenementer vun deemools elo fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" nei opgeschafft. D'Julia Harnoncourt an den Daniel Richter si bei hire Recherchen ënner anerem op en ausféierleche Police-Rapport iwwer d'Onroue vun November 1918 gestouss. Deen hu si esou spannend fonnt, datt si en zu engem Audio-Stéck mam Titel "Tumulte in Esch" verschafft hunn.

Mee däerf een als Historiker iwwerhaapt esou kreativ mat Geschicht ëmgoen? Dat ass eng vun de Froen, déi de Rick Mertens deenen zwee an der "Zäitspuer" gestallt huet.

Episoden