Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

Zäitspuer

100komma7.lu / Zäitspuer

/ Grujeleg Accidenter an Iessen ewéi um Haff

Grujeleg Accidenter an Iessen ewéi um Haff

headphones

21 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

1981 huet déi lescht Eisenäerz-Minn zu Lëtzebuerg zougemaach. Iwwer 40 Joer méi spéit, kann ee sech just nach schwéier virstellen, wéi haart den Aarbechtsalldag ënner dem Buedem deemools war. An eiser Emissioun "Zäitspuer" loosse mir Leit zu Wuert kommen, déi d'Minnenaarbecht selwer materlieft hunn.

Datt dës Erënnerungen un d'Minnenaarbecht nach ëmmer accessibel sinn, ass dem Luciano Pagliarini ze verdanken. De Lokalhistoriker huet an de 70er, 80er, a fréie 90er Joren stonnelaang Leit interviewt, déi selwer an de Minne geschafft hunn, oder am direkten Ëmfeld vun de Minnenaarbechter gelieft hunn.

D'Tounopname vun dëse Gespréicher gëtt et bis haut, an si sinn eng Goldgrouf fir Leit, déi sech fir déi industriell Vergaangenheet vun der Minett-Regioun interesséieren.

D'Historiker François Klein a Marco Gabellini hunn d'Kollektioun fir d'Online-Ausstellung nei opgeschafft. De Rick Mertens huet sech an der "Zäitspuer" erkläre gelooss, firwat des Opnamen esou wäertvoll sinn.

Episoden