Radioen

On air

Notturno  |  Luk. - Kaale Reen

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Faarweg

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Den Earl McGrath war e Jet-Setter mat gudde Connectiounen an der Museks- a Film-Industrie an an der Konschtwelt. Hien huet e groussen Deel zu der Formatioun vun esou munch major Acts bäigedroen, dorënner den Daryl Hall an John Oates, Terry Allen oder Jim Carroll. Nom Earl sengem Doud 2016 huet de Journalist Joe Hagan am Kleederschaf vum Earl senger New Yorker Wunneng eng Rëtsch Tounbänner fonnt mat nach onverëffentlechte Lidder, an déi sinn elo ze héieren op "The Lost Archive of Earl McGrath, 1970-1980" ... eng Geschicht wéi aus dem Billerbuch!

De Gyedu-Blay Ambolley, deen och als den James Brown aus dem Ghana bezeechent gëtt, ass e Meeschter vum High-Life. Hie verbënnt de Genre mat Funk, Jazz, Soul a Rap. "Blay Ambolley and Hi - Life Jazz" heescht säin neien Album.

First Word Records presentéieren op en Neits deen zu Cardiff baséierte Produzent an DJ Don Leisure mat engem neie 25 Track-Album "Shaboo Strikes Back". Fënnef Joer si vergaangen no der Verëffentlechung vun der éischter "Shaboo"- Plack, déi eng Kollektioun vu Lidder aus dem Don senger Jugend erklénge gelooss huet, Stécker, déi e Roadtrip vum Artist dokumentéiert hunn. Hip-Hop, vermëscht mat Jingele vun asiatesche Radioen ... an och haut erëm héiere mir bei "Shaboo Strikes Back" eng Hellewull Kläng an Instrumenter matenee vermëscht.

E faarwegt an ästheetesch schéint Zesummespill tëschent der Stëmm an den Texter vun der Mona Soyoc mat de melodeschen Texture vum Olivier Mellano, Gittarist, deen ë. a mam Brendan Perry vun Dead Can Dance geschafft huet, léisst dee gemeinsamen neien Album "Alive" erkléngen.

Dem Neil Young säin "Old Man" gëtt haut interpretéiert vum Beck, dee selwer e Fan vum Neil Young ass. De Beck scheit sech awer net dëst Lidd vum Neil Young fir eng Fussballs-Publizitéit ze coveren. An all Mënsch weess, datt den Neil Young säi Liewe laang refuséiert huet seng Musek fir Publizitéits-Zwecker anzesetzen ...

Ganz authentesch klengt deen neien Album vun der Sascha Ley "In Between". Schonn zanter Jore geet si ëmmer erëm eege Weeër an erfuerscht ganz verschidde Klangwelten wéi och Gesangstechniken. Eng Decouverte!

Deen zu Gent baséierten Jazz-Kollektiv Compro Oro huet en neien Album "Buy the Dip". Manner Ethno wéi viregt Verëffentlechungen, der Grupp hire fënneften Album léist méi techno-logy erkléngen: Synthien an elektronesch Effekter ginn agebonnen an Jazz, Funk Rhythmen mat exotesche Perkussiounen an Elementer aus anere Genren.

"This Stupid World" ass d'Iwwerschrëft vum neien Yo La Tengo Album, dee fir de Februar d'nächst Joer ugekënnegt gëtt. "Stupid World" ass ouni Hëllef vu baussen entstane, eng Eege-Produktioun also vum Trio aus dem New Jersey, deen zanter 1984 aktiv ass. Een Titel ass elo schonn disponibel ...

Playlist:

Mark Rodney - California - Earl's Closet: The Lost Archive of Earl McGrath, 1970-1980
The Jim Carroll Band - Tension - Earl's Closet: The Lost Archive of Earl McGrath, 1970-1980
Gyedu-Blay Ambolley Gyedu - Yekor Ye a Yeaba - Blay Ambolley and Hi - Life Jazz
Calypso Rose - Calypso Blues - So Calypso !
Brushy One String - Chicken In the Corn (RiseUp Original Version) - The King of One String
Don Leisure - Neon Drizzle (Hotel Shaboo) [feat. Gruff Rhys] - Shaboo Strikes Back
Beck - Old Man - Old Man - Single
Olivier Mellano & Mona Soyoc - Come In The Winter - Alive
Sascha Ley - In Between - In Between
Bugge Wesseltoft & Sidsel Endresen- Truth - Out Here In There
Compro Oro - The Lower 9th - Buy the Dip
The Mauskovic Dance Band - Zwaar - Bukaroo Bank
Yo La Tengo - Fallout - This Stupid World

Musek

Episoden

Roots & Seeds

Jonk Museker aus Südafrika, déi dat traditionellt Ierwen an Éieren halen, Wüste-Blues, Xylophon aus dem Ghana, argentinesche Weltenbummler a verankert Glaawenssystemer

Roots & Seeds

Jonk Museker aus Südafrika, déi dat traditionellt Ierwen an Éieren halen, Wüste-Blues, Xylophon aus dem Ghana, argentinesche Weltenbummler a verankert Glaawenssystemer

Stories

Geschichte vu Leit, déi sech géint Schicksalsschléi wieren, de Blues mat engem direkte Lien zu Afrika, d'Pandemie musikalesch verschafft, a Leit, déi ni erwuesse wëlle ginn ...

Stories

Geschichte vu Leit, déi sech géint Schicksalsschléi wieren, de Blues mat engem direkte Lien zu Afrika, d'Pandemie musikalesch verschafft, a Leit, déi ni erwuesse wëlle ginn ...

Decouverten

Jonk Talenter aus Westafrika, de Béla Bartók revisitéiert, eng Renconter, déi d'Kulturen an d'Generatiounen mateneen verbënnt an eng modern global Musek ...

Decouverten

Jonk Talenter aus Westafrika, de Béla Bartók revisitéiert, eng Renconter, déi d'Kulturen an d'Generatiounen mateneen verbënnt an eng modern global Musek ...

Got Soul?

Blues, Soul an Jazz: ob akustesch oder mat der kubanescher Trova vermëscht, ob aus Louisiana oder vu Bristol. Kläng aus West-Afrika an e faarweräiche Kollektiv an engem Zirkuszelt ...

Paradise lost

Ëm Verdreiwung, flüchten, nei a verlueren Heemechte geet et bei verschidden Artisten. Franséisch Chanson e bëssen anescht, héichkaräteg Besetzungen an inspiréiert Metissagen.

Paradise lost

Ëm Verdreiwung, flüchten, nei a verlueren Heemechte geet et bei verschidden Artisten. Franséisch Chanson e bëssen anescht, héichkaräteg Besetzungen an inspiréiert Metissagen.

Downtempo

S16, d'Bezeechnung vum Schwiefel als Iwwerschrëft fir en Album, eng Initiativ fir de Klimawandel, Lidder iwwer d'Léift an den ExiL: eng downtempo One World ...

Downtempo

S16, d'Bezeechnung vum Schwiefel als Iwwerschrëft fir en Album, eng Initiativ fir de Klimawandel, Lidder iwwer d'Léift an den ExiL: eng downtempo One World ...

Rainbow Warrior

Geschichtenerzieler, engagéiert Texter a passionéiert Kläng. E Killhaus als Opnamstudio, en Dialog mat engem verstuerwenen an Elektrobeats, déi zum Danzen alueden.

Rainbow Warrior

Geschichtenerzieler, engagéiert Texter a passionéiert Kläng. E Killhaus als Opnamstudio, en Dialog mat engem verstuerwenen an Elektrobeats, déi zum Danzen alueden.

Rhapsody

Lidder, déi d'Welt vun haut refletéieren, déi verschidde Forme vum Ënnergang, d'Dualitéit tëschent enger hyper connectéierter Welt an der Keelt vun de virtuelle Rapporten.

Rhapsody

Lidder, déi d'Welt vun haut refletéieren, déi verschidde Forme vum Ënnergang, d'Dualitéit tëschent enger hyper connectéierter Welt an der Keelt vun de virtuelle Rapporten.
headphones

60 min

play_arrow

Talent

E Songwriting, räich un Influenzen, en Jazz, deem seng Wuerzelen am Folk leien, akustesch Instrumenter, verflecht mat digitaler Technik an al Huesen aus der Karibik.
headphones

60 min

play_arrow

Talent

E Songwriting, räich un Influenzen, en Jazz, deem seng Wuerzelen am Folk leien, akustesch Instrumenter, verflecht mat digitaler Technik an al Huesen aus der Karibik.