Bewosst Gesond
Mat vill Genoss awer mat Mooss gesond duerch d'Feierdeeg
Nëmmen drop lass iessen oder bewosst genéissen, wou läit den Ënnerscheed a wat mécht um Enn méi zefridden?
Haut ginn et Rotschléi, wéi ee gutt duerch d'Feierdeeg kënnt, ouni Suerge ronderëm Gewiicht. Vill Leit iesse wärend de Feierdeeg méi wéi soss. Dacks plot duerno dann dat schlecht Gewëssen. Fir deem virzebeugen, ouni op Genoss ze verzichten, erkläert d'Ernährungsberoderin Céline Genson
"Also am Fong zielen d'Feierdeeg um Enn vum Joer esou wéi d'Gebuertsdeeg oder aner Festivitéiten zu eisem allgemengen Iessverhalen dozou, si kommen all Joer erëm, sinn Deel vun eiser Kultur a bilden an deem Sënn eigentlech keng wierklech Exceptioun. An dach ass et fir vill Leit schwéier wärend de Feierdeeg net 'dranzefalen' an dem Iwwerfloss un Schlabäizercher ze widderstoen."
Eng Serie vum Angie Maquil