Radioen

On air

Thé Dansant  |  James Brown - People Get Up And Drive Your Funky Soul

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Best Of 2021 - 1/3

Best Of 2021 - 1/3

Wassailer, de Londoner huet dëst Joer säin Debut "I, The Bastard" verëffentlecht. Eelef Titelen, déi d'Dier opmaachen zu senger Intimitéit, en autobiographeschen Disk mat Inhalter, déi beréieren.

Déi ëmmer erëm erfrëschend Energie vun der Post-Punk-Band Sleaford Mods ass derbäi mat hiren Album "Spare Ribs", wou ofgerechent gëtt mam britteschen Katastrophe-Management an der Kris an och mat der kapitalistescher Entwécklung.

D'Kuti Famill geet an déi drëtt Ronn. Dem Fela säin Eelsten, de Femi huet sech mat sengem Fils Made zesumme gedinn, an déi zwee hunn dëst Joer hir Solo Disken am Doppelpak erausbruecht: "Legacy +". Den Afrobeat gëtt an Éiere gehalen a si verbannen eng funky Polyrhythmik mat gudden Arrangementer an Texter, déi Faarf bekennen.

Ee vu mengen absolutte Favoritte vun dësem Joer ass den Album "Nocturne" vum Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail. En Cello mat klassesche Spillweisen, eng delikat Kora an eng folkeg Gittar, Ska Rhythmen a Lidder op kreolesch gesongen ... eng Musek ouni Grenzen, häerzlech an an der Ecoute vum Aneren.

Eng vun den interessanten Decouvertë vun 2021 ass Meril Wubslin, eng Formatioun, déi gegrënnt gouf vun zwee Memberen aus der Schwäizer Indie-Zeen: zwou Gittaren, zwou Stëmmen, Rhythmus, Trance a Melodie!

Aner Decouvertë sinn zwee Artisten aus dem Fingerstyle, d'Gittaristin Yasmin Williams, déi hiert Instrument um Schouss spillt an eng villschichteg Inspiratioun erklénge léisst, an de Mason Lindahl, deen en Nerv beréiert.

Aner Highlighte sinn d'Dom La Nena aus der latäinamerikanescher Zeen an de Wax Tailor, dee sech mat de Schietsäite vun der Sonn ausenanersetzt.

Playlist;

WASSAILER - Ghosts (feat. DemiMa & Johnny Woodham) - I, The Bastard
Steven Wilson - EMINENT SLEAZE - THE FUTURE BITES
Sleaford Mods - Shortcummings - Spare Ribs
Made Kuti - Different Streets - Legacy +
Christine Salem - Anou - Mersi
Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Sa en yé - Nocturne
Meril Wubslin - Flâner - Alors quoi
Mason Lindahl - Fantasy in Spectacle - Kissing Rosy in the Rain
Yasmin Williams - Urban Driftwood (feat. Amadou Kouyate) - Urban Driftwood
Dom La Nena & Julieta Venegas - Quien Podrá Saberlo - Tempo
José González - El Invento - El Invento/ Single
Wax Tailor - Shining Underdog (feat. Boog Brown) - The Shadow of Their Suns
Bill Callahan & Bonnie "Prince" Billy - Miracles (feat. Ty Segall)

Musek

Episoden

NJP Festival

Vereenzelt Artiste vum Festival Nancy Jazz Pulsations sinn ze héieren, dorënner confirméiert Artisten an och interessant Decouverten!
headphones

56 min

play_arrow

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen
headphones

56 min

play_arrow

Great Music

Museker, Weltbierger zesumme fir beréierend Kollaboratiounen, onëmgänglech Nei-Verëffentlechungen an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten

No Frontiers

Spannend nei Disken a Kollaboratiounen, e Songwriting, dee sech mat der Welt vun haut ausenanersetzt a mir sinn op de Spuere vum afroamerikanesche Widderstand.

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten

World Citizen

Den algeeresche Chaâbi op der Rees, e jonken Duo aus Tunesien, eng Frae-Grupp vu Paräis an eng Slide Gittar, ënnerwee vun Hawaii bis op Kalkutta
headphones

55 min

play_arrow

World Citizen

Den algeeresche Chaâbi op der Rees, e jonken Duo aus Tunesien, eng Frae-Grupp vu Paräis an eng Slide Gittar, ënnerwee vun Hawaii bis op Kalkutta
headphones

55 min

play_arrow

A World of Sound

Highlife aus Ghana, e Londoner, deen op Reggae steet, Lidder vun Heelungs-Zeremonien, zäitgenëssesch interpretéiert an e Museker, deen zeréck zu senger Passioun fonnt huet.
headphones

57 min

Originell

E Retour a Brasilien vun ufanks de 70er Joren, eng originell Rapperin an inspiréiert Atmosphären
headphones

57 min

play_arrow

Originell

E Retour a Brasilien vun ufanks de 70er Joren, eng originell Rapperin an inspiréiert Atmosphären
headphones

57 min

play_arrow