Komponist:in vum Mount
De Camille Saint-Saëns (1835-1921)
Héiert een den Numm vum Camille Saint-Saëns ass dat éischt Stéck, wat engem an de Kapp kënnt, säi "Carnaval des Animaux". Mee nieft den Operen, déi net vill Erfolleg haten, war de Camille Saint-Saëns virun allem e Komponist, dee sech mat Orchesterwierker beschäftegt huet. Nieft e puer Toundichtunge wéi de "Phaëton" oder "La Jeunesse d'Hercules", iwwerzeege virun allem dem Komponist seng Sinfonien, mat un der Spëtzt déi drëtt mat Uergel, déi fënnef Pianosconcerti, mee och Geien- an Celloconcerti.
De Manuel Ribeiro huet sech fir de Camille Saint-Saëns interesséiert.