Komponist:in vum Mount
Den Engelbert Humperdinck (1854-1921)
All Komponist wënscht sech e groussen Erfolleg, dee fir ëmmer d'Museksgeschicht präägt. Dem Engelbert Humperdinck seng Oper fir Kleng a Grouss "Hänsel und Gretel" ass e Fluch an e Seegen zugläich. Wéi d'Oper am Dezember 1893 zu Weimar uropgefouert gouf, gouf den Numm Humperdinck vun haut op muer international bekannt. Allerdéngs stellt dëst Wierk all aner Operen a Kompositioune vum Komponist an de Schiet. Nëmme nach seelen ginn aner Partituren vum Engelbert Humperdinck haut op e Programm gesat. De Manuel Ribeiro iwwer d'Märchenoper "Hänsel und Gretel"