Komponist:in vum Mount
Den Anton Bruckner (1824-1896)
Den 9. Abrëll 1894 ass zu Graz d'Première vum Anton Bruckner senger 5. Symphonie. Et ass eng vun de wéinege Bruckner-Symphonien, vun deenen et just eng eenzeg Fassung gëtt. Den Anton Bruckner war e Komponist, dee genee wosst, wat hie konnt a wat hie wollt, awer och e ganz selbstkritesche Museker. Méi wéi eng Kéier huet hien eng Symphonie nees op de Leescht geholl, ganz Passagë komplett nei geschriwwen. Dat stellt virun allem Dirigente virun e grousse Problem: Wéi eng Fassung gëtt gespillt? Wéi eng Fassung ass déi authentesch? De Guy Engels huet sech mam Bruckner-Kenner Peter Aigner iwwer dës Problematik ënnerhalen.