Radioen

On air

Thé Dansant  |  Talk Talk - Such A Shame

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Talent

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den amerikanesche Singer-Songwriter Kelly Finnigan, bekannt als de Frontmann vun der Soulband Monophonics, huet mat "A Joyful Sound" eng kleng Pärel verëffentlecht.

Toots & The Maytals, d'Jamaikaner loossen zanter den ufanks 60er vu sech héieren. "Got To Be Tough" brécht e Silence vun zéng Joer an de Frederick 'Toots' Hibbert ass och haut nach ëmmer e charismatesche Frontmann.

En Jazz, deem seng Wuerzelen am Folk leien, dat ass de Fall bei der belscher Formatioun Green Moon Tribe. Si si wéi eng Famill, wou jiddweree säi Pefferkär bäileet.

D'Joan Baez hat 1963 "We Shall Overcome" gesongen, wat d'Hymn gouf vum Martin Luther King senger Civil rights Beweegung. 2011 sengt d'Emel Mathlouth "Kelmti horra" (Mäi Wuert ass fräi), e Lidd, dat zur Hymn vum Arabesche Fréijoer an Tunesien gouf.

Playlist:


Kelly Finnigan - Santa's Watching You - A Joyful Sound
Toots & The Maytals - Stand Accused - Got to Be Tough
Kubix - Deep Eyes - Guitar Chant
Lisa Cat-Berro - Les fleurs de Sakura - Good Days Bad Days
Green Moon Tribe - City Wok (feat. Lorcan Fahy, Téo Crommen, Lucas Deru, Antoine Dawans, Antoine Rotthier & Thierry Crommen) - Tribe
Twan Tee & Oddy - On the Road (feat. Loïs Daïri) - Twan Tee Meets Oddy - Crossing
Emel - Sallem - The Tunis Diaries
Variéras - Bakélite - Variables
Augustin d'Assignies - A Seed Story - A Seed Story - EP
Leon Phal - All I've Got - Dust to Stars
Ernest Ranglin - King Tubby Meets the Rockers - Below the Bassline
Jono McCleery - Call Me - Here I Am and There You Are
Mano Negra - Out of Time Man - King of Bongo

Musek

Episoden

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales de Rennes

Bal nëmmen Artisten, déi op den Trans optrieden. Wéi all Joer proposéieren d’Programmateure, de Jean-Louis Brossard a Mathieu Gervais, eng eklektesch Affiche, déi de Bols vun der Zäit fillt.
headphones

55 min

play_arrow

Legends & more

Zäitdokumenter aus de 40er a 70er Joren, Nei-Verëffentlechungen, Film-Museke revisitéiert an eng Anekdot
headphones

56 min

play_arrow

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

56 min

play_arrow

Honky Tonk

Sound-Tüftler, de Klang aus de 70er vun haut, onëmgänglech Folk-Tunes, Weltebummler an eng Honky Tonk Nonn
headphones

56 min

play_arrow

Rythm & Beats

Engagéierten Afrobeat, Spoken Word aus der Karibik, eng irresistibel Soul a Beats, déi eis vum Hocker geheien ...
headphones

57 min

play_arrow

Ecken a Kanten

Nei Stëmmen aus dem Flamenco, faméis Gittaren, Avant-garde Artisten, déi den Traditiounen Ecken a Kanten verpassen an eng Decouverte aus Brasilien
headphones

56 min

play_arrow

One World

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bëssen Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band di léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guru’en

Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bësse Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band, déi léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guruen
headphones

56 min

play_arrow

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.

Osez ...

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.
headphones

56 min

play_arrow

September Sun

Vun der Sonn geniirte Musek di zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus West-Afrika an e Soundtrack deen am September 1990 erauskoum.

September Sun

Vun der Sonn genierte Musek, déi zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus Westafrika an e Soundtrack, deen am September 1990 erauskoum
headphones

56 min

play_arrow