Radioen

On air

Notturno  |  Rozi Plain - Help

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Gesond a fit duerch de Wanter - Ernärung bei Diabetis

Gesond a fit duerch de Wanter - Ernärung bei Diabetis

on the headlines

Wat iessen, wann et dobausse kal ass? Wéi soll ee sech richteg am Wanter ernären, fir datt d'Gewiicht an den Zocker (Diabetes) net aus der Bunn geroden?


Manner Luucht, méi Honger. Net d'Glace mee d'Zopp gëtt elo eis Gladder. Dat ass och net verkéiert, mee et soll ee schonn op d'Fett an d'Kalorien oppassen. Besonnesch Leit mat Zocker mussen op hir Iessgewunnechten am Wanter oppassen. Wann d'Deeg méi kuerz an d'Temperaturen dobausse méi kal ginn, dann änneren engem seng Iessgewunnechten.


Et huet een dacks Loscht op méi defteg häerzhaft Platen, et ësst ee gäre méi séiss an och méi fetteg. Dat kann awer negativ Konsequenzen op d'Gewiicht, an domat och op den Zockerspigel hunn. D'Behandlung vum Diabetes gëtt doduerch méi schwéier. D'Dieteticienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète, gëtt Rotschléi, wéi ee gesond a fit duerch de Wanter kënnt.


Passt op Är Vitaminnen op: C,D,E an D si wichteg elo.


Op d'mannst ee frëscht Uebst den Dag, wéi Zitrusfriichten, Kiwi, Cassis ... an och Vitaminn-C-räicht Geméis, wéi Brokkoli, Spinat, Poivron, an typescht Wantergeméis wéi Kabes, schwaarz Wuerzelen (oder Salsifis), Ribben a Chiconen ...


An eng gesond Ernärung gehéiere jo éischter planzlech Fetter, dofir soll een z. B. Oliven-, Raps- oder Nëss-Ueleg anstatt Déierfetter, wéi Ram oder Botter gebrauchen. Och déi ganz Famill vu Nëss a Käre soll ee reegelméisseg a seng Ernärung mat abauen, entweder als Snack fir tëschenduerch oder mat am Rezept verschaffen. Nëss (op Hiesel-, Cashew- oder Mandelen) ginn enger Zopp gären en apaarte Goût.


A ganz wichteg: genuch drénken, och am Wanter.


Och wann ee bei kalem Wieder net esou duuschtereg ass, bleift et wichteg genuch ze drénken, besonnesch wann ee sech vill a gehëtzten, dréchene Raim ophält. Op d'mannst zwee Liter Flëssegkeet den Dag, ënner Form vu Waasser, waarme Gedrénks, wéi Kaffi oder all Zorte vun Téi, mee och Zoppen droen dozou bäi, datt de Stoffwiessel am Gläichgewiicht bleift, an de Kierper zousätzlech Hëtzt geliwwert kritt.


Awer opgepasst, Alkohol hëlleft net de Kierper ze wiermen!


Am Géigendeel, och wann een am Ufank e Gefill vu Wäermt verspiert, zéie sech duerch den Alkohol d'Bluttgefässer zesummen an et gëtt ee vill méi séier kal.


Eng Serie vum Angie Maquil



Episoden

A pear a day keeps the doctor away? | © Bgistock / 1hamdan

A pear a day keeps the doctor away?

D'Bier ass séiss, duuss a sensibel, mee wéi wierkt se op eist Wuelbefannen?
headphones

10 min

play_arrow
Porte ouverte an der Hotelschoul | © Norn

Porte ouverte an der Hotelschoul

Karriären a Perspektiven an der Hotelschoul zu Dikrech a Wickreng
headphones

13 min

play_arrow
LU-Alert an d'Alertes alimentaires

LU-Alert an d'Alertes alimentaires

D'ALVA, déi Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung publizéiert hir Alerten zanter 2024 och iwwer de nationalen Alertë-System LU-ALERT.
headphones

12 min

play_arrow
Gesond Iessen a gesond Zänn | © Bigstock / wowow

Gesond Iessen a gesond Zänn

Den Impakt vun eisem Iessverhalen op eis Zänn- a Mondgesondheet
headphones

10 min

play_arrow
(Ouschter)-Eeër si räich un Nährstoffer. Mee wéi vill si gesond? | © Bigstock

(Ouschter)-Eeër si räich un Nährstoffer. Mee wéi vill si gesond?

Eng gutt Moos haalen ass gutt fir eis, an d’Ëmwelt. Schéin Ouschteren!
headphones

9 min

play_arrow
De Besoin un Närstoffer am Verglach

De Besoin un Närstoffer am Verglach

Bei Fra a Mann ass d’Kierperzesummesetzung ënnerschiddlech an dat wierkt sech och op de Basisstoffwiessel aus.
headphones

13 min

play_arrow
Genug Obst und Gemüse - im Westen nichts Neues? | © Bitgstock / Fotokris

Genug Obst und Gemüse - im Westen nichts Neues?

Genug Obst und Gemüse essen - dies haben wir alle schon gehört. Trotzdem halten sich nur wenige daran. Woran dies liegt, und warum diese nicht neue Empfehlung trotzdem wichtig ist, hören Sie in diesem Beitrag.
headphones

16 min

play_arrow
Nutri-Score, Zockersteier a Co. | © DG-Studio/Bigstock

Nutri-Score, Zockersteier a Co.

Wéi Labelen eis Ernärung a Gesondheet steieren.
headphones

14 min

play_arrow
Hype ëm HiPro-Produkter: wat ass drun?

Hype ëm HiPro-Produkter: wat ass drun?

HiPro-Produkter sinn iwwerall ze fannen, awer dacks deier an net onbedéngt néideg.
headphones

9 min

play_arrow
Lokal Geméis an Uebst selwer fermentéieren, fir eis eege Gesondheet an déi vum Planeit ze verbesseren | © Bigstock / Svehlik

Lokal Geméis an Uebst selwer fermentéieren, fir eis eege Gesondheet an déi vum Planeit ze verbesseren

Fermentatioun- eng ural Konservéierungsmethod déi sech zu engem Trend fir d’Zukunft entwéckelt
headphones

12 min

play_arrow
Animal Health Law / Loi Santé Animale

Animal Health Law / Loi Santé Animale

Déierekrankheeten: Aktuell Situatioun national an international
headphones

15 min

play_arrow
D‘Kraaft vun der Meditatioun

D‘Kraaft vun der Meditatioun

Wat ass den Impakt vu reegelméissegem Meditéieren op eis Gesondheet a Wuelbefannen?
headphones

18 min

play_arrow
Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype? | © Bigstock

Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype?

Zockeralternative wéi Hunneg, Agavendicksaft a Bierkenzocker hunn hir Vir- an Nodeeler. Och wa se méi gesond wierken, hu se dacks ähnlech vill Kalorien, wäit Transportweeër oder aner Nodeeler.
headphones

9 min

play_arrow
Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025 | © Bigstock / Alessandro Biascioli

Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025

200 Experten aus Wëssenschaft a Praxis hunn am Hierscht 2024 d’Entweckung am Beräich Ernärung vun eisen däitschen Nopere fachlech analiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?

Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?

Natürlich sind sie in aller Munde: Ultra-verarbeitete Lebensmittel. Diese durchlaufen viele Produktionsprozesse und enthalten viele Zusatzstoffe. Studien zeigen dass ein hoher Konsum die Gesundheit schädigen kann. Warum ?
headphones

10 min

play_arrow
Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?

Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?

Den Daarmmikrobiom, ass e komplexen Ökosystem deen aus 100.000 Milliarde Mikroorganisme besteet, an eng zentral Roll fir eis Gesondheet spillt. Wéi awer beaflosst d'Ernärung d'Zesummesetzung an d'Funktioun vum Mikrobiom?
headphones

14 min

play_arrow
Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen | © Bigstock / PhotoIndia

Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen

Dal Bhat ass hiren nationale Plat, wat eng ideal Balance vu Kuelenhydrater, Proteinnen a Mikronärstoffer bitt.
headphones

9 min

play_arrow
Comfort food, Alimentation réconfortante

Comfort food, Alimentation réconfortante

Iessen, fir sech wuelzefillen - Mindfull eating
headphones

11 min

play_arrow
Aktuell Ernärungstrends

Aktuell Ernärungstrends

Mir diskutéieren iwwer de Stellewäert vun den aktuellen Ernärungstrends bei jonke Mënschen.
headphones

15 min

play_arrow
Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie

Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie

De Fokus soll op enger bewosster Auswiel vu Liewensmëttel leien, well all Kierper eenzegaarteg op Kalorië reagéiert.
headphones

10 min

play_arrow