Den 10. Dezember 1948 declaréieren d'Vereenten Natiounen déi allgemeng Charta vun de Mënschrechter. Dës Charta huet de brittesche Komponist Max Richter fir seng nei Kompositioun "Voices" inspiréiert.
"Voices" gëtt haut - um internationalen Dag vun de Mënscherechter - am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision vu 37 Radioen diffuséiert. Ze erliewe sinn de Max Richter a säin Ensemble, dirigéiert vum Robert Ziegler, d'Geiistin Viktoria Mullova, d'Sopranistin Grace Davidson an d'Schauspillerin Sheila Atim als Erzielerin.