Bewosst Gesond
De Kleeschen a seng Titchen
Eng Naschelegkeet soll e Genossmëttel sinn, an dat kann een d'Kanner vu Klengem u léieren.
D'Virléift fir dat Séisst ass eis ugebuer. Déi meescht Leit si frou mat Séissem, mat deem, wou Zocker dran ass. Zocker steet fir Energie, huet awer och vill Nieweneffekter. Trotzdeem muss een net op Zocker verzichten. Et kënnt op d'Dosis un. Manner ass méi. D'Weltgesondheetsorganisatioun recommandéiert sechs Téiläffelen Haushaltszocker fir e Kand tëschent 6 an 12 Joer. Dat si 25 Gramm pro Dag. Dat ass net vill, wann ee weess, wou schonn iwwerall Zocker dran ass, wat een den Dag iwwer ësst oder drénkt. An, d'Kanner si manner empfindlech fir de séisse Goût a verlaangen dowéinst gär no méi Zocker, well et hinnen net séiss genuch ass.
D'Dieteticienne Liz Mersch erkläert, wéi eng gesond Titche vum Kleeschen kann ausgesinn. Eng Serie vum Angie Maquil.