arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ E Bouquet Blummen

E Bouquet Blummen

Kandy Guira, gebuer op der Côte d'Ivoire a grouss ginn zu Abidjan, wou all d'Museken an d'Kulturen sech kräizen a vermëschen. Hiren Debut huet si ënner der Ophutt vum Abdoulaye Cissé gemaach, mir lauschteren hiren 2018 Album Tek-La-Runda.


Cameo waren eng vun de bedeitende Funk-Bands aus den 80er, entstane si se 1974 aus The New York City Players. De Larry Blackmoon (Gesang, Batterie, Perkussioun, Bass) huet eng Ausbildung op der renomméierter Julliard Musekshéichschoul genoss an huet déi 13-käppeg Band no sengem Studium zesumme gestalt. Knights of the Sound Table ass 2018 re-editéiert ginn.


Den Neil Young revisitéiert och haut seng Protest Songs aus der Vergaangenheet fir sech mat der Géigewaart unzeleeën. Looking for a Leader ass ee vun de 7 Titelen aus dem Young senge Fireside Sessions. Mat senger akustescher Gittare erënnert hie sech un déi politesch Säit vu sengem Repertoire aus de 70er. Dëse méi rezenten Titel, a schonn aktualiséiert, schéckt dem Trump a sengem Zynismus e vergëfte Bouquet Blummen. Decouverten bei One World haut d'Australierin Merryn Jeann, d'Fransouse vun Orange Dream an de moderne Rebetiko vun der Dafné Kritharas.




Kandy Guira - Beogo (Demain) - Tek-La-Runda 2018


Cameo - The Sound Table - Knights of the Sound Table (Reissue) 1981


Neil Young - Hitchhiker - Le Noise (Deluxe Version) 2010


Neil Young - Lookin' for a Leader - Lookin' for a Leader Single 2020


Merryn Jeann - See Saw - Merryn Jeann 2019


Caoimhín Ó Raghallaigh & Thomas Bartlett - Kestrel - Caoimhín Ó Raghallaigh & Thomas Bartlett 2019


Orange Dream - Mind Reader (feat. Miles Bryant) - Single 2020


Thurston Moore - Hashish - By the Fire 2020


Thurston Moore - Dreamers Work - By the Fire


Dafné Kritharas - U Stambulu Na Bosforu (Varka the Onset) [feat. Camille El Bacha & Matthias Courbaud] 2020


Misia - Ausência - Pura Vida (Banda Sonora) 2020


Dead Combo & Marcia - Visões Ficções - Voz e Guitarra 2 2013


Dead Combo - Faduncho - Odeon Hotel 2018

Episoden

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow