Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Multikulti

Multikulti

1978 hu sech The Apartments zu Brisbane an Australie gegrënnt ronderëm de Singer-Songwriter Peter Milton Walsh. Dee siwente Studio Album gouf elo virun e puer Deeg verëffentlecht, "In and out of the Light" iwwerschriwwen, ganz an der Traditioun vun dëser Formatioun, déi sech selwer trei bleift.


"Giver Taker", den Debut Album vum Anjimile, mat Lidder déi an de leschte Jore geschriwwe goufen, wou hien iwwer sech als Mann gesongen huet awer nach kee war, en Abléck an déi beweegten Zäit net nëmme vun der kierperlecher Transitioun an enger neier Identitéit ...


Déi brittesch Produzente vu Coldcut hunn eng international Affàr gestart mam Projet Keleketla!, e Projet mat méi wéi zwou Dose Museker vun dräi Kontinenten, initiéiert vun enger klenger Buchhandlung zu Johannesburg zesumme mat Coldcut.


De Bilal, de Produzent Tariq Khan an 30 Museker hunn op verschiddene Locations am Land opgeholl a komponéiert fir eng App mat dräi Lidder déi "Voyage 19" iwwerschriwwen ass.... multikuklti.


Playlist:



The Apartments - We Talked Through Till Dawn - In and out of the Light 2020

The Apartments - Butterfly Kiss - In and out of the Light

Mark Kozelek & Jimmy LaValle - Ceiling Gazing - Perils from the Sea 2013

Anjimile - Baby No More - Giver Taker 2020

Anjimile - In Your Eyes - Giver Taker

Miles Kane - Loaded - Coup De Grace 2018

Keleketla! - Future Toyi Toyi - Future Toyi Toyi 2020

Moonlight Benjamin - Tan malouk - Siltane 2018

Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - To Know Without Knowing - To Know Without Knowing 2020

Eddie Vedder - Cartography - Single 2020

Bilal x Highbreed Music - Day Three - Voyage-19 2020

The Swingle Singers - Prelude XVIII from Das Wohltemperirte Clavier, BWV 887- Bach Hits 1994


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow