Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Jogging

play_arrow Live
arrow_back_ios

Blue Note

100komma7.lu / Blue Note

/ Pit a Pol - The Return

Pit a Pol - The Return

No enger klenger Paus hanner dem Mikro vun dëser Jazz-Emissioun sinn de Pit Dahm an de Pol Belardi voller Feier zeréck! Mat am Gepäck hu si eng Rëtsch fäin ausgewielte Lidder aus deene leschte Joren, déi eppes gemeinsam hunn: si treffen den Zant vun der Zäit. D'Musek ka sech nëmmen entwéckelen, wann d'Interprete sech eppes trauen, Grenzen erweideren, Stiler mëschen, aus der Këscht eraus denken. Mee ass dat dann nach Jazz? Eng Fro, déi ee sou dacks héiert an déi endlos Diskussioune ka lancéieren ... mee och eng, déi ee séier soll ausblennen a sech méi der Musek u sech, déi een héiert, widmen. Jacob Mann, BADBADNOTGOOD, Grandbrothers, Ambrose Akinmusire ...fir nëmmen e puer Nimm ze nennen. Sitt gespaant op eng voll Stonn opreegend Musek.

Musek

Episoden

David Hoffmann

Net Musek studéieren heescht net onbedéngt, datt een net awer ka vill spillen. Den Jazz-Batteur a Vibraphonist erkläert, wéi et geet.

EchterLive & Blues Express

Zwee grouss Rendez-vousen am Summer fir Jazz Cross-over a Blues

EchterLive & Blues Express

Zwee grouss Rendez-vousen am Summer fir Jazz Cross-over a Blues

Jazzpote zu Thionville

Zanter 15 Joer gëtt et de Festival hei vir a Frankräich. En Interview mam Direkter Christian Schott a Musek vu sëllechen Artisten, déi dëst Joer do spillen.

Jazzpote zu Thionville

Zanter 15 Joer gëtt et de Festival hei vir a Frankräich. En Interview mam Direkter Christian Schott a Musek vu sëllechen Artisten, déi dëst Joer do spillen.

Jazz@the Phil 2019/2020

D'Philharmonie, och d'Haus vum Jazz

Jazz@the Phil 2019/2020

D'Philharmonie, och d'Haus vum Jazz

Like a Jazz Machine a Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman

Nieft dem Festival Like a Jazz Machine war op derschmelz den 2.6.2019 nach e Leckerbissen ze héiere mat RDW featuring Joshua Redman.

Like a Jazz Machine a Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman

Nieft dem Festival Like a Jazz Machine war op derschmelz den 2.6.2019 nach e Leckerbissen ze héiere mat RDW featuring Joshua Redman.

Like a Jazz Machine

Mam Mikro um Like a Jazz Machine zu Diddeleng. Interviewen a vill nei Musek stinn um Programm.

Like a Jazz Machine

Mam Mikro um Like a Jazz Machine zu Diddeleng. Interviewen a vill nei Musek stinn um Programm.

Dock in absolute - Zweeten Album: Unlikely

An de Chris Potter bréngt e weideren Opus ënner dem Titel "Circuits" op de Maart. Den Agenda a punkto Jazz.

Dock in absolute - Zweeten Album: Unlikely

An de Chris Potter bréngt e weideren Opus ënner dem Titel "Circuits" op de Maart. Den Agenda a punkto Jazz.

Zwou CD Releasen a vill Concerten am Land

De Marly Marques 5tet an den Album "Sea Change". De Liberati Quartet an den Album "Countertime".

Zwou CD Releasen a vill Concerten am Land

De Marly Marques 5tet an den Album "Sea Change". De Liberati Quartet an den Album "Countertime".

Wéi een Jazz lauschters du?

"Ech lauschteren am Fong keen Jazz" ass eng Ausso, där hir Dosinnsberechtegung mir haut erfuerschen. E Blindfoldtest mat uschléissender Diskussioun.

Wéi een Jazz lauschters du?

"Ech lauschteren am Fong keen Jazz" ass eng Ausso, där hir Dosinnsberechtegung mir haut erfuerschen. E Blindfoldtest mat uschléissender Diskussioun.

Stacey Kent / Marly Marques 5tet

D'Stacey Kent kënnt an de Casino 2000. De Marly Marques Quintet sinn als Artists in Residence am Lika a Jazz Machine zu Diddeleng.

Stacey Kent / Marly Marques 5tet

D'Stacey Kent kënnt an de Casino 2000. De Marly Marques Quintet sinn als Artists in Residence am Lika a Jazz Machine zu Diddeleng.

Concerte mee och Artists in Residence zu Diddeleng

D'Trombonistin Reut Regev's R Time an de Pol Belardi am Gespréich.