Blue Note
EchterLive & Blues Express
Den EchterLive ass dat neit Konzept vum fréieren Iechternacher Festival, dat den 11. Juli 2019 a fir véier Deeg vill Musek am Jazz a Cross-over Beräich ubitt. Den artisteschen Direkter ass de Maxime Bender, dee bei eis am Studio war.
De Blues Express am Minett gëtt et scho méi laang, an zitt all Joer tëschent 15.000 an 20.000 Leit un. Net vill Anescht wäert et de Samschdeg, 13. Juli 2019, zu Lasauvage an am Fonds de Gras nees sinn. Den Dany da Cunha vum Service Culturel vun der Stad Déifferdeng, huet op eis Froe geäntwert.
Blue Note, presentéiert vum Manuel Ribeiro.