Blue Note
Wéi een Jazz lauschters du?
Ob beim konzentréierten Nolauschteren oder als Hannergrondmusek, déi meescht Leit lauschtere mol méi mol manner bewosst Jazzmusek mat all hiren Derivéen. De Pit an de Pol invitéiere Mënsche mat verschiddenste Backgrounde fir hinnen e bëssen iwwer hir Gewunnechten op den Zant ze fillen an iwwer Jazz am grousse Ganzen ze diskutéieren. Si approchéieren sou munch Froen, déi sech vill Leit stellen: Vun "Ass dat do iwwerhaapt nach Jazz?" bis "Wat ass Jazz iwwerhaapt"? Den Ufank maachen zwee motivéiert 100,7 Mataarbechter. Vollgepaakt mat ausgewielter Musek an interessante Background-Infos.