Blue Note
David Hoffmann
Den David Hoffmann ass trotz sengem jonken Alter scho vill wéinst der Musek gereest. Nodeems hien zu Iechternach duerch ee Concertserliefnes de Wee vum Jazz-Batteur a Vibraphonist gewielt huet an doranner och eng staark Basis geléiert huet, war hie wéinst engem spezielle Projet eng Zäit a Südamerika. No senger Première verschléit et hie fir Social Studies op Manchester, wou hien awer nieft senge Studien en neien, groovege Quartett gegrënnt huet, deen ënner anerem um Echterlive Festival hei am Land gespillt huet. Den David erzielt eis iwwer säi Parcours a seng Iddien. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi