Blue Note
Gaume Jazzfestival Rossignol 2018
Wéi all Joer bitt de Gaume Jazzfestival iwwer dräi Deeg Jazz an alle Formen a fir all Goût. Dëse Musekevent ass zu Rossignol an engem festleche Kader, an engem schéine Park ze erliewen. Concerten Open-Air, mee och an verschiddene Säll, fir Grouss a Kleng, mat lokalen an internationalen Nimm zéien all Joer Dausende vu Leit un: Jazzagefleeschten, Museksamateuren, oder just Leit a Famillen, déi e summerleche Kader mat Musek genéisse wëllen.
De Jean-Pierre Bissot, Organisateur vun dësem Gaume Jazzfestival, war beim Manuel Ribeiro am Studio.