Deen tierkesche Pianist Fazil Say ass net nëmmen ee politesch staark interesséierten an engagéierte Museker, mee och nach een exzellente Komponist. All dës Facetten erlieft Dir haut am Concert Euroradio – ee Live-Matschnëtt vum Festival Radio France-Montpellier vum 10. Juli 2015, wou de Fazil Say Wierker vu Mozart, Chopin, Janacek a vu sech selwer spillt. Presentatioun: Guy Engels. (Rediff. vun dënschdes, 14:00)
arrow_back_ios