1845 stierft zu Berlin de Wilhelm Friedrich Ernst Bach, ee vun de leschte Museker aus der berühmter Bach-Famill an direkter Nofolleg vum J.S. Bach. Den Thomaskantor, seng Virfahren a seng Filsen stinn haut am Mëttelpunkt vum Concert Euroradio – ee Live-Matschnëtt vum dänesche Radio mat Wierker vum Heinrich Bach, vum Wilhelm Friedemann Bach, vum Carl Philipp Emmanuel Bach a vum J.S. Bach. Presentatioun Chantal Kirsch. (Rediff. vun dënschdes, 14:00)
arrow_back_ios